SENSIBILISÉIERUNGS-MATERIAL
Reservatiounen
MINI-EXPO
Dir hutt als Lycée, Schoul an aner Organisatioun d’Méiglechkeet eis Mini-Expo zu den 100 Joer Fraewalrecht ze bestelle fir zesumme mat äre Schüler, Awunner, Mataarbechter an d’Gespréich ze kommen zu den Theme Frae(wahl)rechter a Gläichstellung.
D’Expo besteet aus 7 Deeler (Héicht*Breet*Déift):
- 3 « Vistand » – 2225(H)*2540(B)*685(D)
- 3 « Totem » – 2000(H)*1000(B)*500(D)
- 1 « Vistand » – 2225(H)*1930(B)*685(D)
MEGA Woch
D’Equipe vum MEGA begleed Gemengen, Grondschoulen an Lycéeën fir ugepasste Wochen fir Kanner a Jugendlecher z’organiséieren. D’Konzept ass et, Klassenzyklen ze wielen an hinnen all Schouljoer déi selwescht Atelieren ze proposéieren.
Andeems dës Atelieren all Joer widderholl ginn, wäerten d’Kanner an d’Jugendlecher iwwer d’Zäit besser fir dës Thematiken sensibiliséiert ginn.
MEGA-Katalog
Egal ob Lycée, Jugendhaus, Grondschoul oder eng aner Institutioun – Dir hutt d’Méiglechkeet, Sensibiliséierungsaktivitéiten iwwer de MEGA-Katalog ze reservéieren.
Dëse Katalog bitt eng Auswiel un Atelieren an Interventiounen, déi et Äre Schüler, Studenten oder Mataarbechter erméiglechen, sech mat wichtegen Themen auserneen ze setzen, wéi d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, d’Walrecht fir Fraen oder Stereotyppen. Zousätzlech gëtt och fir Sensibiliséierung gesuergt bei Theemen ewéi Gewalt am Stot oder Diskriminatioun.
Events
ROCK DE RACK
De “Rock de Rack” ass e järleche Jugendfestival zu Lëtzebuerg, dee sech der Promotioun vun der Gläichstellung tëschent de Geschlechter widmet. Organiséiert vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), engagéiert d’Evenement den Interessi vu jonke Leit duerch Atelieren, Diskussiounen a kulturell Aktivitéiten, déi sech ronderëm verschidde Gläichberechtigungsthemen dréinen.
KONTAKT
DE MEGA OP DE SOZIALE MEDIEN
Dir hutt d’Méiglechkeet de MEGA a seng Ekipp Educatioun op verschiddene soziale Medien erëmzefannen.