Nei Plattform EQUALL

‘Equall’ ass en neie Projet, dee vum SCRIPT, gemeinsam mam Ministère fir d’Gläichstellung vu Mann a Fra, op d’Been gestallt gouf. Et geet drëm, op edukativ a spilleresch Manéier d’Stereotyppen tëscht Mann a Fra am Kontext vun der Beruffswiel opzelockeren.

D’Aarbechtsmaterial, dat am Kader vun dësem pedagogesche Projet ausgeschafft gouf, kann am Enseignement fondamental benotzt ginn, fir Geschlechter-Stereotyppen opzebriechen an nei Perspektiven duerch Opklärung ze schafen. D’Zil vun Equall ass et ze beweisen, datt eng Gläichberechtegung um Aarbechtsmarché méiglech ass, esou datt sech all Kand bewosst ka ginn, datt et alles sinn an alles gi kann.

Méi Informatiounen op www.equall.lu.