De MEGA huet 5 Webinare lancéiert déi speziell fir ee jonke Publikum entwéckelt goufen. Dës kënnen entweder individuell awer och als Gruppenaktivitéit genotzt ginn, an déi respektiv Alterskategorien an Themen gi jeweils an der Aleedung preziséiert.
Nieft de Webinaren déi d’Educatiounsekipp vum MEGA zum Thema vun de Stereotyppe proposéiert (fir d’Grondschoul an awer och fir Jonker ab 12 Joer), konnten 3 Partner hier eege Webinaren entwéckelen:
- UN NOUVEAU STAGE, UN NOUVEAU TRAVAIL? – SANS DISCRIMINATION! (entwéckelt vun der Chambre des salariés)
- SEXISMUS ERKENNEN A BEKÄMPFEN (entwéckelt vum CID Fraen an Gender)
- SOZIAL MEDIEN: WÉI SI EIS ROLLEBILLER PRÄGE (entwéckelt vun der Medienexpertin Wencke Fiedler)