Et geet em Gläichstellung am Beetebuerger Park

De 26. Juli 2023 huet d’Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, den neie Chalet mam Numm “D’Zaubertru” am Märchepark vu Beetebuerg a Präsenz vu Vertrieder vun der Gemeng Beetebuerg an der Association des parents d’enfants mentalement handicapés (APEMH) ageweit.

Dëst verzaubert Haus baséiert op dem eponyme Buch “D’Zaubertru”, publizéiert am Joer 2022 vum Ministär fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer fir d’Gläichheet vun de Geschlechter op eng lëschteg Manéier unzegoen an de Risiko vum Vergiesse vun de Verdéngschter vu feministesche Bewegungen entgéintzewierken. .

D’Taina Bofferding huet d’Partnerschaft mam Parc Merveilleux begréisst, wat dem Projet net nëmmen e méi breet Spillraum gëtt, mee virun allem en nohaltege Charakter. “Et ass essentiell d’Gläichheet alldeeglech ze thematiséieren, besonnesch mat deene Jéngste. Datt dëse Chalet fir all Generatioun op ass, ass eng reell Plusvalue fir eis Aarbecht“, esou d’Ministesch. Déi lescht Méint hu jo gewisen, datt d’Gläichstellung fragil ass, an datt d’Acquisitioun vun dëse Rechter a Krisenzäite séier a Fro gestallt riskéier ze ginn.

Fir d’éischte Kéier a senger Geschicht huet de Märchepark beim Bau vum Chalet eng nei Technologie benotzt, déi et méiglech mécht all Zeen automatesch ze beliichten an esou d’Spectateuren op eng faszinéierend Manéier duerch d’Geschicht ze féieren.

Dës Schlësselmomenter enthalen

  • d’Aféiere vum Wahlrecht fir Fraen am Joer 1919;
  • déi gelieft Erfahrunge vun aktive Fraen am Zweete Weltkrich;
  • déi grouss Demonstratioun vu Fraen am Joer 1972 fir d’Gläichstellung ze kämpfen an
  • d’Revisioun vun der Verfassung 2006 fir de Prinzip vun der Gläichberechtegung vu Geschlechter anzebezéien.

“Ech si besonnesch frou, datt dës wesentlech Etappen an der Geschicht vun de Fraenrechter a Form vun enger schéiner animéierter Geschicht opgeholl goufen an datt hir Ausstellung am Beetebuerger Park et eis erlaabt d’Leeschtunge vun eise Virfueren nohalteg z’erhalen an hir Erfarunge mat engem grousse Publikum vun all Alter ze deelen”, erënnert d’Ministesch.

D”Zaubertru” fënnt een um Enn vum Park net wäit vum Mini-Bauerenhaff (“Streichelzoo”). Den Toun gouf vum Gast Waltzing opgeholl an de Chalet dekoréiert vum Marco Weiten.