Internationalen Dag vun der Fra 2020

Duerch d’Kreatioun vum engem eegestännege Ministère 2018, huet déi Lëtzebuerger Regierung e besonnesche Schwéierpunkt op d’Digitalisatioun geluecht; en Domän mat immensem Potenzial fir déi wirtschaftlech Entwécklung vum Land. Et handelt sech heibäi em e villfältege Beräich, deen ouni Zweiwel Aspekter vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer aschléisst.

Am deem Kontext ass et wichteg dorop hinzeweisen, datt sech Lëtzebuerg och op europäeschem Niveau engagéiert andeems et d’Declaratioun „Commitment on women in digital » ënnerschriwwen huet. Eng éischt Renconter tëscht den internationale Vertrieder vun de Signatairë gouf et den 30. September 2019.

Engersäits ass et wichteg, de gläichberechtegten Zougang zu den neien Technologien ze leeschten, fir datt Fraen a Männer a vollem Empfang dovu profitéiere kënnen. Op der anerer Säit, ginn et wéineg Fraen an den digitale Beruffer.

D’Konsequenze vun dëser Penurie u Fraen an den digitale Beruffer si souwuel wirtschaftlecher wéi och gesellschaftlecher Natur: Wirtschaftlech, op Grond vun der Tatsaach, datt en an all den Zoustännegkeetsberäicher ëmmer méi schwéier gëtt, genuch a virun allem qualifizéiert Talent ze rekrutéieren, déi si bréichten, fir déi néideg digital Transformatiounen duerchzeféieren a kompetitiv ze bleiwen. Gesellschaftlech, well et net zoulässeg ass, datt déi digital Gesellschaft, där hir Auswierkungen op dat alldeeglecht Liewe stänneg zouhëlt, nëmme vu Männer geduecht, entwéckelt, a geleet gëtt. Déi digital Beruffer sinn nach ëmmer staark stereotypéiert a ginn als „männlech“ ugesinn.

D‘ Promotioun vun de Meedercher a Fraen an der digitaler Technologie ass en Thema fir de multidimensionalen Aspekt vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ze diskutéieren. Et ass e Fakt, datt dës Thematik enk mat der Beschäftegungs-, der Bildungs- an der Héichschoulpolitik verbonnen ass an erfëllt och d’Ziler, déi am Kader vun der ministerieller Strategie zur Bekämpfung vu Stereotyppe formuléiert goufen, fir mat Klischeeën, Virurteeler an ebe Stereotyppen ze briechen, déi onbestreitbar Auswierkungen op déi akademesch a berufflech Entscheedung hunn.

„Lëtz go equal in digital“

Am Kader vun der Journée Internationale des droits de la femme (JIF) organiséieren de Ministère fir Gläichstellung a Women in digital empowerment (WIDE) eng Konferenz iwwer d‘ Karriärschance fir Fraen a Männer am digitale Secteur. Déi Responsabel vu verschiddene Start-Upen wàerten hir Erfarungen an Iwwerzeegunge presentéieren, fir d‘ Mixitéit an dëse Beruffer vun der Zukunft z‘ encouragéieren.

D‘ Konferenz “Letz go equal in digital” en Donneschden, de 5. März 2020, vun 12.30 bis 14.30 Auer an der Hall des Poches à Fonte (Avenue du Rock’n’Roll – Esch Belval).

De Programm:

Begréissung a Moderatioun: Marina Andrieu

Usprooche: Taina Bofferding – Ministesch fir Gläichstellung a Claude Meisch – Educatiounsminister

Déi ugekënnegt Pitchen:

  • Illana Devillers, Food4all
  • Diane Delava, Mattrvest
  • Imeshi Weerasinghe an Charlotte Wirion, WEO
  • Iris Hoffelt an Stephan Peters, Zsports

Podiumsdiskussioun

Schlusswuert an e Pot d’amitié

Relancéiere mer zesummen d‘ Mixitéit am Digitalen!

Fir sech unzemellen, confirméiert är Participatioun iwwer: secretariat@mega.etat.lu

Den Entrée ass fräi (an de Limitt vun de Plazen)