Evenementer an Aktiounen

De Ministère fir Gläichstellung organiséiert reegelméisseg Evenementer an hëlt un Evenementer deel. De Rock de Rack an d’Journée Internationale de la Femme (JIF) sinn déi Evenementer, déi vum MEGA organiséiert sinn an an direkter Relatioun mat der Ekipp an der Educatioun stinn.

Doriwwer eraus participéiert de MEGA, duerch seng Ekipp an der Educatioun, un enger Rei „externen“ Evenementer, wéi der Foire de l’Etudiant (organiséiert vum CEDIES), d’Digirallyen (organiséiert vu BEE-SECURE), de Makerfest (organiséiert vu BEE-CREATIVE). Am Kader vum MEGA-Jumper-Projet participéiert de MEGA och op eemolegen Evenementer wéi beispillsweis Feieren an de Lycéeën.

No event found!
Load More