Reservatioun MEGA-Jumper

Dir hutt als Lycée d’Méiglechkeet eise MEGA-Jumper ze bestelle fir zesumme mat äre Schüler a Mataarbechter an engem informelle Kader an d’Gespréich ze kommen zu den Theme Frae(wal)rechter a Gläichstellung. 

D’Ziel vum MEGA ass et sech direkt mat Jonken z’ënnerhalen an hire Feedback ze sammelen. Di geplangten Aktivitéiten, spilleresch an ofwiesslungsräich, erméiglechen de Jonken ze verstoe wéi Stereotyppen an Diskriminatiounen hiert Liewen awer och dat vun anere beaflossen. Jonker kréien och gewise wéi een sou Situatioune besser erkennt, a wéi ee besser drop reagéiere kann.

Eis Equipe ka souwuel vereenzelt Schüler a Jonker begéinen als ewéi ganz Schoulklassen. Hei drënner fannt dir e puer Photoe vun esou Atelieren déi am Respekt vun de sanitäre Moossname gehale goufen.

Kontaktéiert eis Equipe vun der Egalitéit an der Educatioun um:

+352 247-85826

education@mega.public.lu