Nei Atelieren fir de MEGA-Katalog

Am Kader vun enger neier Zesummenaarbecht tëscht dem MEGA an der Make it asbl, ginn zwee nei Atelieren an de MEGA-Katalog opgeholl.

Rocking robots

ROCKING ROBOTS

Du denks, dass Roboteren langweileg metallen Këschten sin? Net mat eis! An desem Workshop entwéckelst du dein eegenen “Rocking Roboter”, den’ s de duerno op fetzeg Musik danze loosse kanns. Wéi funktionnéiert dat? Dat wers du selwer erausfannen. Denger Kreativitéit sin hei keng Grenzen gesaat.

Pimp my toy

PIMP MY TOY

Du hues aal an ofgenotze Spillsaachen? An dësem Workshop kann een hinnen neit Liewen anhauchen. Mat e bësse Fantasie, kann déi Spillsaach schnell an en alldeechlechen Gebrauchsgéigenstand transforméiert ginn. A vläicht kann een déi Spillsaach souguer mat Elektronik oppimpen.

Andeems se d’Kreativitéit fërderen a gläichzäiteg zu de Virurteeler aus dem STEAM-Beräich (Science, Technology, Engineering, Arts, Mathematics) sensibiliséieren, komplementéieren dës Atelieren di bestoend Offer perfekt.