Le MEGA à la 33e Foire de l’Etudiant(e)

D’Foire de l’Etudiant ass fir de Gläichstellungsministère zu engem vun de wichtegste Rendezvouse vum Joer ginn; dëst och well d’Gläichstellungserzéiung eng Prioritéit vun de politesche Beméiunge vun der Regierung duerstellt.

Den direkte Kontakt mat de Jonken, besonnesch mat deenen déi sech an enger schoulescher Orientéierungsphas befannen, stellt dofir eng immens Wichtegkeet duer. Esou haten déi Jonk 07. an 08. November net nëmmen d’Méiglechkeet sech um Stand vum MEGA zur Gläichstellungspolitik ze äusseren, mee konnten sech och duerch déi vill Publikatiounen an Experten informéieren. Vill Jonker hu vun dëser Offer profitéiert, sou zum Beispill d’Elodie (18 Joer) an de Vincent (17 Joer): „Et däerf een net vergiessen, datt mer all ënnerschiddlech si – eng Gesellschaft baut sech duerch dës Differenzen op. Et ass wichteg, datt ee Selbstvertrauen huet. Mir hunn alleguer eng Roll an der Egalitéit ze spillen. Mir sinn all Acteuren an der Egalitéit. Fir d’Egalitéit awer ze erreechen, däerfe mer net zwee verschidde Wierder hunn, fir déi selwecht Saach ze beschreiwen, zum Beispill si mam Wuert Mënsche Fraen a Männer gemengt, Auteuren an Auteuren.“ De Philippe (18 Joer) ënnersträicht, datt „et net fair ass ze soen, datt Fraen oder Männer incapabel sinn dëst oder dat ze maachen, just op Grond vun hirem Geschlecht! Mir denken all individuell a mir hunn all d’Recht eis eege Choixen ze treffen!“

Wärend eis Camionnette, de Megajumper, e waarmen a frëndleche Kader fir e spannenden Austausch tëscht Experten a Jonken erméiglecht huet, gouf de Stand op béiden Deeg immens gutt besicht. Méi wéi 300 Persounen hunn d’Geleeënheet genotzt, un enger internationaler Studie vun der Uni Lëtzebuerg, enke Partnere vum MEGA, iwwer Stereotyppen an d’Notzung vu soziale Medien deelzehuelen.

De Photobooth huet doriwwer eraus agelueden, sech spilleresch zum Thema Gläichstellung zu äusseren an eng ganz speziell Erënnerungsfoto mat Heem ze huelen. Och déi nei Broschür „We are equal“, déi alldeeglech Grondlage vun der Gläichstellung erkläert, ass op groussen Interessi gestouss.

Bleift ze betounen, datt d’Ministesch fir Gläichstellung, d’Taina Bofferding, och um MEGA-Stand present war a mat de Schüler vun der Klasse 1-GED06 vun der Technischen Hochschule für Bildungs- und Sozialberufe iwwert d’Erausfuerderungen an d’Chance vun der Gläichstellungspolitik geschwat huet.

MEGA-Team

D’Fotosgalerie ass accessibel via Flickr.