Broschür fir Jonker: We are equal

PDF
Brochure pour jeunes – We are equal

De Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit huet eng Broschür verëffentlecht, déi sech u Jonker tëscht 12 an 20 Joer riicht a fir déi alldeeglech Gläichstellung sensibiliséiere soll.

We are equal  abordéiert op 7 Säite pedagogesch déi wichtegst Aktiounsberäicher vun der Gläichstellungspolitik. Doriwwer eraus erkläert d’Broschür den Ënnerscheed tëscht Gläichberechtegung a Chancëgläichheet, ier se sech op d’Dekonstruktioun vu Stereotyppe konzentréiert, déi vu kleng op, onbewosst eis Perceptiounen an Erwaardunge vis-à-vis vu Jongen a Meedercher beaflossen. Virurteeler déi dacks am Marketing an an de Medie propagéiert ginn, bremsen eis beispillsweis an der Schoul, an der Beruffsausbildung oder an der berufflecher Formatioun aus.

„We are equal“ invitéiert déi Jonk, kritesch iwwer dës Virurteeler nozedenken an d’Aen net zouzemaachen, wa si esou eng Form vu Geschlechterdiskriminatioun gesinn.

D’Broschür ass op zwou Sprooche – op Däitsch a Franséisch – a gouf illustréiert vum Heather Kremer, enger lëtzebuergescher Konschtstudentin. Se ka gratis um MEGA bestallt ginn (secretariat@mega.etat.lu; Tel.: 247-85814) .

Méi Informatiounen: