Projet #Play4Equality

Spille soll Spaass maachen a Mënschen zesummebréngen. Dëst Kaartespill suergt dofir, datt jiddereen sech op eng villfälteg, divers a gerecht Representatioun an dësem Kaartespill kann erëmfannen: Jong & Meedchen, Jonk & Al, Grouss & Kleng, aus verschiddene Kulturen an dat gläichberechtegt. 

All Kaart gesäit dofir aneschters aus, sou wei mir och. Loosst eis d’Spillwelt op de Kapp stellen an zesumme géint Stereotyppe spillen.

(Dëst Kaartespill ass d’Resultat vun enger Zesummenarbecht tëscht der Maison Citoyenne vun der Gemeng Mamer an der Ekipp “Egalitéit an der Educatioun” vum MEGA)

Ech wëll ...

...Informatiounen zu den Themen op de Kaarten

...beim Challenge matmaachen

...wësse wat eng "Pink Tax" ass

...meng eege Spiller proposéieren

...weider Spiller entdecken