Sensibiliséierungs-Videoen

Am Spillbuttek

An de Spillbutteker begéint de Client meeschtens getrennte Rayonen fir Jongen a Meedercher. Riskéiert des Opdeelung net de Choix vum Kand beim Eraussichen vun senger Spillsaach ze beaflossen…?

Fir den MEGA wär et sënnvoll, dat Kanner sech déi Spillsaachen eraussichen déi hinnen am beschten gefalen an am meeschte Spaass maachen.


An der Crèche

Zu Lëtzebuerg schaffen an den Crèchen an an den Maisons Relais vill méi weiblech Personal wéi männlecht (87%). Kenne Männer net genau esou gutt Kanner betreien wei Fraen…?

Fir den MEGA ass et wichteg dass Kanner vun den Erfarungen vun béiden Säiten kennen profitéieren.


Am Kleederbuttek

Et ginn Elteren, déi hier Meedercher ëmmer rosa an hier Jongen ëmmer blo undinn. Loosst dir äert Kand selwer wiehlen…?

Fir de MEGA ass et wichteg dass d’Kand an sengem Choix net ageschränkt gëtt well dëst ee starken Afloss op dem Kand seng spéider Entwécklung kann hunn.


Am Garage

Emmer méi dacks kennt et vir, dass och Fraen an den Garagen un Autoe schaffen. Fannt dir dass nëmmen Männer dat kënnen, oder kann eng Fra dat net genau esou gutt…?

Fir den MEGA ass et wichteg dass Kanner den Beruff kennen léieren den hinnen am Meeschten Spaass mëscht.


Doheem

Verschiddener fannen dass den Haushalt féieren just Fraenaarbecht ass. Respektiv dat ee Mann dat net esou gutt kann….! Wéi sinn d’Aufgaben an ärem Haushalt opgedeelt…?

Fir den MEGA ass et wichteg, grad an dësen Zäiten (awer och soss) flexibel ze sinn, an all Aufgabe gerecht ënnerteneen opzedeelen.

Am Sport

Gëtt et Sportarten déi nëmme fir Meedercher oder Jonge sinn? Oder ass et net virun Allem mol wichteg Sport ze maachen?

Fir de MEGA ass et wichteg dat jiddereen dee Sport maachen dierf deen engem am meeschte Spaass mecht.


JOUETS

Verschiddener fannen dat Meedercher mat Poppe spille solle, an dat Jonge mat Rakéite spille sollen. Sollte Kanner net hier Krativitéit esou ausliewe kënne wéi sie dat wëllen, am Plaz eng Iddi opgezwongen ze kréien?