Mamer Egalitéit 2024

Déi 4. Editioun vu “Mamer Egalitéit”, organiséiert vum MEGA a Kooperatioun mat der Maison Citoyenne vu Mamer, huet et 24 Klassen aus der Grondschoul vu Mamer erméiglecht, un insgesamt 36 inspiréierenden Atelier deelzehuelen.

De Projet setzt den Akzent op eng progressiv Approche, déi un all Niveau ugepasst ass, an all Joer mat de selwechte Cyclen a mat de selwechten Themen pro Cycle widderholl gëtt.

D’Kanner vum Cycle 2.2 entdecken d’Thematik vun de Stereotypen duerch déi interaktiv Liesung vum Buch “Lauschter op däin Häerz”, dat vum MEGA entwéckelt gouf. D’Kanner vum Cycle 3.2 setzen sech mat deene selwechten Themen auserneen a participéieren un interaktive Atelier, déi vum MEGA an dem LISER organiséiert ginn, wou si gefuerdert ginn, iwwer dës Froen nozedenken an aktiv ze ginn.

D’Kanner vum Cycle 4 bereeden sech iwwerdeems op den Iwwergang an de Secondaire vir, duerch spannend Atelier iwwer aktuell Themen wéi kënschtlech Intelligenz an hire Biais, Geschlechterrollen an de soziale Medien, oder nach Aktivitéiten am Beräich vun der Programméierung an der Kreatioun am STEAM-Domaine.

Duerch dës reegelméisseg an kohärent Approche entwéckelen d’Kanner eng strukturéiert a resilient Astellung vis-à-vis vu Stereotypen a Schwieregkeeten, déi si am Alldag begéine kënnen.

(Photoe geholl duerch d’Gemeng Mamer)