Women and Girls in Science – En interaktiven Hommage un déi grouss Dammen vun der Wëssenschaft

E Samschdeg den 12. Februar invitéiert de MEGA, zesumme mam Luxembourg Science Center, Research Luxembourg an der Stad Déifferdeng op hiren Event “Women and Girls in Science” am Kader vum Internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft. Dësen Dag, deen den 11. Februar weltwäit gefeiert gëtt, zelebréiert déi grouss Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler aus fréieren Zäiten a vun haut a bitt déi perfekt Geleeënheet, d’ Wëssenschaft am Allgemengen ze promovéieren an och grad d’ Fraen a Meedercher, déi dacks nach ëmmer an dësem Domän ënnerrepresentéiert sinn, unzeschwätze a fir d’ Recherche ze begeeschteren!

12. Februar: Workshoppen an Atelieren am Science Center zu Déifferdeng!

A fir dat esou interaktiv, flott a spannend wéi méiglech ze maachen, invitéiert de Science Center, an Zesummenaarbecht mat MEGA, Famillen op, seng vill interaktiv Statiounen ze besichen an un Showen deelzehuelen, déi speziell entwéckelt gi si fir d’ Gläichheet vun de Geschlechter an der Wëssenschaft ze feieren. Sou wäerten 24 bekannte Perséinlechkeeten aus der Wëssenschaft virgestallt ginn, zwielef Fraen an zwielef Männer; anzwar a folgenden Atelieren:

  • Kënschtlech Intelligenz: Algorithmen sinn iwwerall a si si vill manner komplizéiert wéi hiren Numm! Fir de Code ze knacken, huelt un der Show iwwer Algorithmen a kënschtlech Intelligenz deel.
  • Planetarium: Mir brauche keng Rakéit fir de Weltraum ze entdecken. An eisem Planetarium ass en Joystick genuch fir de ganze Sonnesystem an doriwwer eraus ze duerchbriechen. Kommt mat op eng Rees duerch d’Universum !
  • Chimie: D’DNA visualiséieren, d’Waasser verschwannen ze dinn a Schëss op kugelbestänneg Weste sinn nëmmen e puer Beispiller vun erstaunlechen Experimenter déi déi fantastesch Eegeschafte vu Polymere weisen.
  • Flëssegkeeten: Extrem Wiederconditiounen, d’ Erhéijung vum Mieresspigel an d’Acidificatioun vum Ozean sinn nëmmen e puer vun den dramateschen Konsequenze vum Klimawandel. Wéi kann et sinn, datt Kuelendioxid esou schrecklech Konsequenzen op eisem grénge Planéit huet? Dir sidd virwëtzeg? Kommt laanscht an dësen Atelier vum fir Äntwerten op dës Fro a vill méi Froen ze kréien!

Nieft de véier Workshoppen kënnt dir och entdecken:

  • D’Ausstellung “WISE Women” vu Research Luxembourg, déi d’Fraen an der Fuerschung an an der Ingenierie zu Lëtzebuerg beliicht.
  • Temoignagë vu weibleche Fuerscher zu Lëtzebuerg, déi de Visiteur mathuelen an hire berufflechen a privaten Alldag.
  • De “MEGA-Jumper” – eis MEGA-Camionnette, déi Jonken Informatiounen a kleng Gadgeten iwwert d’Gläichstellung tëscht Meedercher a Jongen mat op de Wee gëtt.

Den Entrée fir den Event ass gratis fir d’ ganz Famill a gëtt ënner dem Covid-Check Regime während zwee verschiddene Slotte gemaach: moies tëscht 10.00 an 14.00 an am Nomëtteg tëscht 14.00 an 18.00. D’Reservatioun vun Ticketen ass obligatoresch op lux-sciencecenter.recreatex.be/Exhibitions/Register