D’Sprooch ass déi wichtegste Form vun der Kommunikatioun. Sou ass et och wichteg, datt eng Sprooch sech a konstantem Wandel befënnt a sech ëmmer weiderentwéckelt. Dem MEGA ass dëse Sujet eng absolutt Prioritéit an dofir ass dësen Dictionnaire ausgeschafft ginn.
Den Dictionnaire bitt eng vollstänneg Oplëschtung vun all de Beruffer, Titelen a Funktiounen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Et ass wichteg, datt all interesséiert Persoun eng kloer Äntwert op hir Froen a Relatioun mat der Sprooch an de Beruffsbezeechnunge fanne kann.