Rock de Rack 2022

Di 3. Editioun vum Rock de Rack, Festival fir d’Gläichstellung fir Klassen aus Lyceeë vu Lëtzebuerg, fënnt de 27. an 28. Oktober am Kinepolis Kierchbierg statt. D’Editioun vun dësem Joer konzentréiert sech op d’Thema Sexismus. Siwe Partner hunn elo schonn hier Bedeelegung konfirméiert, Klasse kënne sech ab September aschreiwen.

De kuerze Video hei drënner gëtt iech eng gutt Iddi wat de Rock de Rack duerstellt!