Girls Foot Day 2024

Fir dat drëtt Joer hannerteneen huet de MEGA um Girls Foot Day aktiv matgewierkt, deen erëm um Site vun der FLF zu Mondercange stattfonnt huet. Sou konnten 120 jonk Meedercher, am Alter vun 6 bis 12 Joer, net nëmmen u verschiddene sportlechen a spannenden Atelieren deelhuelen, mee och iwwer déi Stereotypen nodenken, op déi si kéinte stoussen, wann si hir Léift fir de Fussball weiderverfollegen.

Obwuel déi rezent Statistiken eng positiv Entwécklung fir de Fraefussball zu Lëtzebuerg weisen, bleiwen Ongläichheeten am Fussball an am Fraesport och nach 2024 omnipresent. Dësen Event zielt genau dorop of, dës jonk Meedercher ze stäerken, sou datt si schonn elo déi Hindernisser iwwerwannen a sech an engem méi gerechte Ëmfeld weiderentwéckele kënnen.