A. Kuck dir dëse Video iwwer Sexismus vum Europarot un: https://vimeo.com/477091632
Kommen dir verschidde Beispiller aus deem Video bekannt vir oder hues du selwer vläicht schonn sou Situatiounen erlieft? Diskutéiert doriwwer an der Klass oder an der Grupp!
B. Géi op de Site vum Europarot iwwer Sexismus: https://www.coe.int/de/web/human-rights-channel/stop-sexism
Lies dir déi kuerz Texter op der Startsäit duerch a scroll duerno erof op dat rosat Feld mam Titel “Erkenne ihn. Benenne ihn. Beende ihn.”
Wiel dir eent vun den 8 Themen eraus a lies den Text dozou. Dann iwwerlee:
– Hues du dës Form vu Sexismus selwer schonn erlieft oder matkritt?
– Hues du aner konkret Beispiller vun dëser Aart vu Sexismus?
– Wat fir Léisunge falen dir an, déis du selwer oder d’Schoul kéint ënnerhuelen, fir géint dës Form vu Sexismus virzegoen?
Diskutéiert doriwwer an der Klass oder an der Grupp!
C. Um Site vum Europarot fënns du och ee Quiz: https://www.coe.int/de/web/human-rights-channel/stop-sexism-quiz
Maach bei dem Quiz mat a fann eraus, wéi sexistesch datts du selwer bass.
Bass du vun dengem Resultat iwwerrascht? Lies dir nom Quiz ënnen déi richteg Äntwerten an d’Fakten dozou duerch.