Contenu du cours
Aleedung
Wat de CID Fraen an Gender ass a wat mir maachen, gitt dir hei am éischte Video gewuer!
0/2
Gender oder Geschlecht
De Begrëff “Gender” gëtt dacks mat Geschlecht verwiesselt, dobäi léisst sech Gender net unhand vu kierperleche Mierkmoler bestëmmen.
0/3
SEXISMUS
Sexismus ass een Iwwerbegrëff fir all Form vun Diskriminéierung op Gronn vum Geschlecht.
0/2
OFSCHLOSS
Sexismus ass ee Problem, an d’Léisung dovunner si mir all.
0/1
Sexismus erkennen a bekämpfen
À propos de la leçon

Wéi virdrun erkläert ass Sexismus eng Diskriminéierungsform op Basis vum Geschlecht. Mat Geschlecht ass eng Zesummesetzung vu biologeschen Eegenschafte gemengt, déi festleeën, ob ee männlech oder weiblech ass. A seelene Fäll kann ee souguer béides sinn, dëst nennt een dann intersex. 

De Begrëff “Gender” gëtt dacks mat Geschlecht verwiesselt, dobäi léisst sech Gender net unhand vu kierperleche Mierkmoler bestëmmen.

Gender ass eng Form vun der geschlechtlecher Identitéit, déi onofhängeg vun de sexuellen Eegenschafte vum Kierper existéiere kann. Esou kann eng Persoun zwar beispillsweis männlech Sexualorganer hunn, mee sech selwer als weiblech oder als näischt vu béidem identifizéieren. 

Gender beschreift also, als wat fir ee Geschlecht een sech fillt oder ausdréckt an dat kann och eppes aneres sinn wéi weiblech oder männlech.

Komm mir kucken eis den Gender-Einhorn un, fir et besser ze verstoen.