Rosa Blo – Wéi erliews du d’Gläichstellung vun de Geschlechter am Alldag
À propos de la leçon

Datt Fraen a Männer déi selwecht Rechter hunn, war laang Zäit net de Fall. An dat huet och net vun haut op muer geännert. Et ass eng Geschicht, déi op mannst 150 Joer an d’Vergaangenheet reecht.

Op dëser Säit fënns de een Iwwerbléck, wéi d’Gläichstellung zu Lëtzebuerg sech iwwert déi lescht 150 Joer entwéckelt huet. Opgepasst, duerno maache mir ee Quiz, also besser du kucks et och wierklech 😉