Rosa Blo – Wéi erliews du d’Gläichstellung vun de Geschlechter am Alldag
À propos de la leçon

Och wann et zu Lëtzebuerg zimlech gutt ausgesäit mat der Gläichstellung tëschent Fraen a Männer heescht dat net, datt et ëmmer an iwwerall de Fall ass. An eenzele Fäll kënnt Diskriminéierung op Basis vum Geschlecht ëmmer nach vir. Mee wéi ass et bei dir? Bass du schonn emol an dengem Liewe vun eppes ausgegrenzt ginn oder hues eppes net kritt oder net konnte maachen, nëmme wells du ee Jong, respektiv ee Meedche bass?

Deel eis gären deng Erfarungen hei drënner mat!