Sozial Medien: Wéi si eis Rollebiller präge
À propos de la leçon

Wéi gi Männer a Fraen an de Medien duergestallt, respektiv wéi stellen si sech selwer duer? Ganz dacks riichten sech dës Duerstellungen no engem Thema oder enger Eegenschaft, déi an der Gesellschaft als typesch weiblech oder männlech ugesi ginn. Wat béid Geschlechter gemeinsam hunn, ass datt si sech sou perfekt wéi méiglech wëlle weisen.

Mee déi Leit, deenen dir op Instagram oder TikTok followt, gesinn a Wierklechkeet net onbedéngt esou perfekt aus wéi dir mengt.

 

Eis Froen un iech:

Wien ass är/e Liiblings-Influenzer/in an denkt dir, datt déi Persoun méi glécklech ass wéi dir selwer? Wa jo, firwat?