Sozial Medien: Wéi si eis Rollebiller präge
À propos de la leçon

An der Musek kommen déi ënnerschittlech Erwaardungen un d’Geschlechter dacks zum Virschäin. Männer, virun allem an der Rap-Zeen, stellen sech gär als Macho duer: déck Autoen, vill Schäiner an eng iwwerdriwwen Iwwerhieflechkeet sinn dräi klassesch Beispiller. Et sinn also an éischter Linn d’Behuelen an de materielle Besëtz, deen een zu engem männleche Virbild maachen.

Bei Fraen läit de Fokus an der Reegel méi op dem Ausgesinn vu sengem Kierper. Grouss a schlank gebaut, laang Hoer, ee schéint Gesiicht; sou ass meeschtens d’Erfollegsrezept fir eng Musekskarriär als Fra.

D’Texter aus eisen zwee Beispiller illustréieren dee Géigesaz tëschent dem Männer- a Frabild am Musekbusiness ganz gutt:

And sometimes I wish
I had grown a bit taller

(An heiansdo wënschen ech mir
Ech wier e bësse méi grouss)

C’est Karma – Girls

I’ll be the bad guy now
But no, I ain’t too proud

(Ech wäert elo dee Béise sinn
Mee ech sinn net stolz drop)

Post Malone – Circles

 

Eis Froen un iech:

Fannt Dir, datt sech Fraen an der Musek méi musse beweisen ewéi d’Männer?

Wéi eng Museker hunn iech duerch hir Songtexter besonnesch inspiréiert?