Sozial Medien: Wéi si eis Rollebiller präge
À propos de la leçon

Duerch dës Idealbiller a scheinbar perfekt Leit si mir engem stännegen Drock ausgesat, fir selwer sou perfekt wéi méiglech auszegesinn an engem virgelieften Ideal z’entspriechen. Mee dat musst dir net. Kee Mensch ass perfekt, och wann et op Instagram heiansdo esou riwwerkënnt.

Dir sidd op är Aart a Weis eenzegaarteg a wann dir domat net engem typesche Rollebild entspriecht – ganz egal!

Wiert iech géint veraalten Idealer, andeems dir iech net vun de Medien diktéiere loosst, wéi dir iech behuelen oder ausgesi musst. Fannt amplaz dovunner är eege Stäerkten, déi iech zu deene wonnerbare Mënsche maachen, déi dir sidd!