Wat ass eng Pink Tax?

Et schwätzt ee vu “Pink Tax” oder “Rosa Steier” wann ee vu Produiten a Servicer schwätzt déi zu engem méi héije Präis ugebuede wa se spezifesch fir ee Geschlecht entwéckelt goufen.

Vue datt dëst ganz oft Frae concernéiert a ganz oft och d’Fuerw Rosa eng grouss Roll spillt, huet den Ausdrock Pink Tax sech duerchgesat.

E puer Beispiller wou een dëst ka begéinen wiere Raséierer, Shampoing, Seef, Parfum awer och Coiffeur’s Servicer.

Natierlech ass dëst net nëmme reservéiert fir Servicer a Produite fir Jonker an Erwuessener, mee och am ganz jonken Alter fënnt een dëst erem, virun Allem bei Bicher, Kleeder a Spillsaachen.

Dëst huet effektiv meeschtens Näischt mat de Käschten ze dinn déi ufalen, mee ass reng doduerch z’erklären datt Firmen dervun ausginn datt een ënner verschiddene Konditioune Bereet ass ee “Premium” Präis ze bezuelen.

Spannend ass nach ze bemierken datt dëst di läscht Joren net méi exklusiv am Kontext “Rosa fir Fraen” de Fall war. Entretemps gëtt et sou zum Beispill och scho mol Wäschpolver fir Männer. Dëst war net nëmmen ganz anescht presentéiert (e.a. vill méi däischter Fuerwen, virun allem schwaarz), mee och deementspriechend méi deier.

Ech wëll ...

...Informatiounen zu den Themen op de Kaarten

...beim Challenge matmaachen

...wësse wat eng "Pink Tax" ass

...meng eege Spiller proposéieren

...weider Spiller entdecken