Den 28. Abrëll 2025 gouf zu Lëtzebuerg den éischten Nationalen Zentrum fir Affer vu Gewalt offiziell ageweit. Dës Plaz huet d’Zil, all Persoun – Manner- a Groussjäreg – déi Gewalt erlidden huet (physesch, sexuell, psychesch), een Empfang, eng Ecoute an Hëllef ze bidden.
Säit dem 29. Abrëll 2025 bidd de CNVV Folgendes un:
- Zougang ouni Konditiounen,
- Professionellen an empatheschen Empfang,
- Schnell ambulant Betreiung,
- Een Accueil an den Urgencen an beschtméiglechen Délais’en
D’Konzept baséiert op véier Haaptachsen :
- psychosozial Ënnerstëtzung
- medizinesch Hëllef
- polizeilesch Interventioun / Dépôt vun enger Plainte
- juristesch Informatiounen
Dësen Zenter ass an enger Pilotphase, mam Zil, ab 2026 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg d’Woch zougänglech ze sinn.
« Dir sidd net eleng, et gëtt Hëllef ! » (Yuriko Backes)
