De megaLab ass gestart – méi grouss, méi interaktiv a mat engem neien Thema!
Den 20. an 21. November 2025 mecht de megaLab am Kinepolis Kirchberg seng Dieren op. Hei erwaart déi Jonk eng ganz Rëtsch un innovativen Atelieren a Workshops ronderëm d’Thema „Aarbechtswelt“.
Op www.megalab.lu fannt Dir ab elo d’Informatiounen zu Programm, Partner an Umeldung. Eis Missioun: d’Génération vu muer op d’Aarbechtswelt vu muer virbereeden – inklusiv, divers an interaktiv.
Wat kënnt Dir maachen?
- D’Websäit besichen an Iech inspiréieren loossen.
- D’Atelieren entdecken an Iech schonns elo umellen.
- Matmaachen, matdiskutéieren a matgestalten.
Kommt laanscht a gitt Deel vum megaLab.
Mir freeën eis op Iech!
