Den 20. an 21. November 2025 huet de megaLab iwwer 800 Kanner a Jonker zesummebruecht, fir sech mat engem wichtegen Thema auseneenzesetzen: Gläichstellung an Diversitéit an der Aarbechtswelt.
Mat der Verëffentlechung vum Aftermovie kann een dës zwee Deeg elo nach eng Kéier a Biller erliewen.
An interaktive Workshops hu sech d’Jonker mat Froen beschäftegt wéi: Wéi gesäit eng gerecht Aarbechtswelt aus? Wien huet Zougang zu Chancen – a fir wien ass et nach ëmmer méi schwéier? Ugeschwat goufen ënner anerem:
- Virurteeler bei der Astellung oder bei Promotiounen
- ongerecht Lounverhältnisser
- d’Gläichgewiicht tëscht Beruff a Privatliewen
- Rollerestereotyppen a Männer- a Fraenberuffer
- Beruffsorientéierung an nei Méiglechkeeten
D’Zil vum megaLab 2025 war et, jonke Leit Wëssen, Reflexiounsméiglechkeeten an Austausch ze bidden, fir hir berufflech Zukunft bewosst, selbstbestëmmt an inklusiv ze gestalten – onofhängeg vum Geschlecht oder vun der Liewenssituatioun.
Den Aftermovie weist déi grouss Motivatioun, d’Oppenheet an d’Kreativitéit vun de Jonken a mécht Loscht, och weiderhin zesummen un enger fairer Aarbechtswelt vu muer ze schaffen.
