Sozial Medien: Wéi si eis Rollebiller präge
À propos de la leçon

Sexismus ass eng bewosst Diskriminéierung op Gronn vum Geschlecht. Vill Fraen erliewen de Sexismus als eng Reduzéierung op hir Äusserlechkeeten. Si mussen ëmmer schéin a sexy ausgesinn, fir opzefalen. Männer dogéint maachen traditionell duerch Stäerkt an Intelligenz op sech opmierksam. Dat sinn ural Stereotyppen, déi awer net méi an eis Zäit passen. Frae sollen och duerch aner Eegenschafte wéi hire Kierper kënne bewonnert ginn. Grad esou ass näischt verkéiert un engem Mann, deen sech gär sexy duerstellt an net dem typesche männlechen Ideal noleeft.

 

Eis Froen un iech:

Hutt dir wärend dësem Webinar Stereotyppen oder Klischeeën erkannt, déi op iech selwer zoutreffen?

Wa jo, wat fir eng?