E Samschdeg den 8. Mäerz, fir den Internationale Fraendag, hu mir den City-Lights-Atelier am Jugendtreff Käl/Téiteng organiséiert. Dëse Workshop huet et de Jonken an hieren Elteren erlaabt, Elektronik a Stadplanung ze kombinéieren, fir inklusiv Stied ze gestalten.
Bei herrlechem Wieder an enger gemittlecher Atmosphär hunn d’Participanten aus Pabeier, Kartong, Solarpanneauen a LEDs kleng Stied gebaut a beliicht. D’Zil war et, Stied ze kreéieren, wou jidderee sech sécher, wëllkomm a mat abegraff fillt, onofhängeg vum Alter oder Geschlecht.









D’Freed an d’Begeeschterung waren direkt ze spieren! Grouss a Kleng hunn hier Fantasie spille gelooss, experimentéiert mat Luuchten a Technologie, fir flott a sécher Plaze fir jiddereen ze bauen. D’Feedbacke waren immens positiv, an d’Erfarung war fir jidderee beräichernd.
E grousse Merci un all d’Participanten fir hiert Engagement an hir Kreativitéit, souwéi un de Jugendtreff Käl/Téiteng fir déi flott Organisatioun. Dëse Workshop huet gewisen, datt mat Fantasie an Zesummenhalt jidderee seng eegen inklusiv Stad ka bauen!