Broschür: We Are Equal

Broschür: We Are Equal

Wat bedeit Gläichstellung fir eis am Alldag?

D’Broschür präsentéiert eng grouss Unzuel u gängege Situatioune flott a liichtverständlech illustréiert a mat kuerzen Texter beschriwwe fir esou bei Jonken eng Reflexioun unzereegen iwwert d’Villsäitegkeet vun der Gläichstellungs-Thematik. 

read more
EXPO 100 JOER FRAEWALRECHT

EXPO 100 JOER FRAEWALRECHT

De MEGA huet eng ambulant Ausstellung organiséiert déi zeréckbléckt op déi wichtegst politesch an historesch Etappen a Punkto Gläichstellung an de leschten honnert Joer.

Op Ufro stellt de MEGA d’Expo deene Leit zur Verfügung déi dorun interesséiert si fir dass d’Fraerechter, respektiv d’Universalwalrecht an hire Strukturen thematiséiert kënne ginn.

read more
Mega-jumper

Mega-jumper

De MEGA-Jumper ass eng Camionnette mat didakteschtem Material iwwert Geschlechter-stereotyppen an Diskriminatioun tëscht de Geschlechter.

Op Ufro deplacéiert d’Ekipp vum MEGA sech mat der Camionnette bei Iech.

De MEGA-Jumper ka mat aneren Aktivitéite verbonne gi wéi zum Beispill mam Atelier “Rosa Blo!” fir Kanner.

read more
BRIEDSPILL: GENDER-GAME (GG)

BRIEDSPILL: GENDER-GAME (GG)

Gender-Game ass de Numm deen de LISER engem liewensgroussen interaktive Brietspill ginn huet dat a véier Beräicher agedeelt ass an zwar Muecht / Wëssen / Aarbecht / Gesellschaft.

Den Zweck vun dësem Projet ass de Spiller a Spillerinnen d’Iddi ze gi virgefaasste Meenungen iwwert Geschlechterrollen a Fro ze stellen an eng Argumentatioun op déi am Spill gestallte Froen ze ginn.

read more
MEGA-DICTIONNAIRE

MEGA-DICTIONNAIRE

D’Sprooch ass déi wichtegste Form vun der Kommunikatioun. Sou ass et och wichteg, datt eng Sprooch sech a konstantem Wandel befënnt a sech ëmmer weiderentwéckelt. Dem MEGA ass dëse Sujet eng absolutt Prioritéit an dofir ass dësen Dictionnaire ausgeschafft ginn.

Den Dictionnaire bitt eng vollstänneg Oplëschtung vun all de Beruffer, Titelen a Funktiounen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Et ass wichteg, datt all interesséiert Persoun eng kloer Äntwert op hir Froen a Relatioun mat der Sprooch an de Beruffsbezeechnunge fanne kann.

read more