De Rock de Rack 2024 huet den 24. an 25. Oktober am Kinepolis Kierchbierg stattfonnt. Hei haten d’Klassen aus dem Lycée an d’Klassen aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul d’Geleeënheet, dräi vu insgesamt zwielef Workshops ze erliewen.
Dëst Joer stoung d’Evenement ënner dem Thema STEAM (Science, Technology, Engineering, Arts & Maths). Vill Partner vum MEGA hunn matgemaach, dorënner Intervenante vun der Uni Lëtzebuerg, WIDEANDCO, Makeit Asbl, d’Ekipp vun Takeoff vum FNR, de Scienteens Lab an nach vill anerer.
Nom drëtte Workshop koumen all d’Participanten zesummen fir Rock de Krees – eng Table Ronde, wou jiddereen gläichgestallt ass an d’selwescht wichteg. Hei konnte si hir Andréck vum Dag deelen an iwwer hir Erfarungen schwätzen.