ROSA BLO! – ENG FRO VU STEREOTYPPEN
À propos de la leçon
Fir dës éischt Aktivitéit braucht dir folgend Material: Blieder, Mol-Farwen. Et wier och gutt wann dir sëtze kéint – zum Beispill bei engem Dësch  – well fir dësen éischten Deel gi mer direkt kreativ a froen iech ze molen.
 

Dir dierft hei gäre ganz fräi är Iddie representéieren, esouvill oder wéineg Detail mole wéi dir fir wichteg haalt, dat eenzegt wou mer iech froen, ass dat et herno fir eis kloer ze verstoen ass. Zéckt also och net fir är Begleetpersoun ze froen, fir zum Beispill een Numm derbäi ze schreiwen, oder och eng kuerz Erklärung.

Dir musst e puer Saache molen, an déi éischt Aufgab ass:

Wee këmmert sech ëm Kanner?

Schreift är Nimm an ären Alter op äert Blat oder Blieder, an haalt déi fir méi spéit…