ROSA BLO! – ENG FRO VU STEREOTYPPEN
À propos de la leçon

Dir maacht dat deemno wéi souguer selwer. Geet zum Beispill ee vun iech bei eng Doktesch?

Déi wou bei eng Doktesch ginn, wann der mat engem Frënd oder eng Frëndin schwätzt, sot der dann dat der bei eng Doktesch gitt, oder sot der awer dat der bei den Dokter gitt?

Firwat ass dat esou?

Historesch gesinn, waren et effektiv ëmmer vill méi Männer déi d’Chance krute fir laang ze léieren an duerno déi « besser » Beruffer ze kréien, sou waren d’Dokteren an awer och d’Affekoten an d’Riichter och quasi ëmmer Männer. Am Botzberäich waren et ganz oft Fraen déi déi Chargen iwwerholl hunn, an dofir schwätze mer oft, bal wéi am Reflex, vu Botzfraen. Botzpersonal ass awer genau sou einfach als Ausdrock. Dëst baséiert ganz oft op sougenannte Prejugé, oder och nach op Stereotyppen.

Wat kann een do dogéint maachen?

« Et beim Numm nennen »! Wann dir bei eng Doktesch gitt, sot Doktesch. Esou einfach ass et!

Dir kënnt selwer mat beaflossen, wéi Prejugé a Stereotyppen em iech genotzt ginn.